Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Administrateuren

Vu Wikipedia

Dës Säit huet als Zil Iech e bësse méi no ze bréngen, wien d'Administrateure (och alt Sysops , Englesch fir system operators) sinn, wat si maachen a firwat si do sinn. Eng Lëscht vun den Administrateuren oder kuerz Admine kann hei consultéiert ginn: Adminslëscht.

Firwat gëtt et Adminen?

[Quelltext änneren]

Fir e Site wéi d'Wikipedia oprecht z'erhalen, wou all Dag eng Dose Leit un den Artikelen änneren, brauch een eng Rei „Waffe“ fir Feeler ze verbesseren, Säiten am schlëmmste Fall ze läschen, an temporär Säiten ze blockéieren oder Vandale beim Zerstéiere vun Artikelen z'ënnerbriechen.

Aus evidente Sécherheetsgrënn kënnen dës Aufgaben net vun all x-belibegem Benotzer gemaach ginn an dowéinst hu verschidde Benotzer speziell Rechter, an dat sinn d'Administrateuren.

Dëse Statut gëtt deene Benotzer uvertraut, déi schonn eng Zäitche bei Wikipedia dobäi sinn an d'Vertraue vun deenen anere Benotzer genéissen.

Wat kann en Admin maachen?

[Quelltext änneren]

Adminen hu speziell Rechter géintiwwer deenen anere Benotzer op der Wikipedia. Si kënnen:

  • Säite protegéieren a se nees fräi ginn, an och protegéiert Säiten änneren (wat normal Benotzer dee Moment net méi kënne maachen).
  • Säite mam Historique komplett läschen. Kuckt dowéinst d'Säit Wikipedia:Läschen.
  • geläscht Säite consultéieren an noutfalls restauréieren (nees aktivéieren), andeems si Zougrëff op eng Datebank hunn, déi den Admine virbehalen ass.
  • IP-Adressen a registréiert Benotzer spären, sou datt dës net méi op d'Wikipedia schreiwe kënnen.
  • d'Systemmessagen änneren iwwer de MediaWiki-Nummraum.

En Admin huet keng weider Informatiounen zu enger IP-Adress oder dem Courrier tëscht de Benotzer wéi déi aner Benotzer och.

Rechter a Flichten

[Quelltext änneren]

En Admin huet déi selwecht Rechter a Flichte wéi all normale Wikipedia-Benotzer:

  • un den Artikele matschaffen, déi hien interesséieren;
  • op Froen äntweren, souwäit e kapabel dozou ass;
  • nei Wikipedianer an d'Famill ophuelen;
  • e bësselche raumen (zum Beispill um Stamminee);
  • oppassen, datt keen auteursrechtlech geschützte Contenu op der Wikipedia steet, bei Texter genee wéi bei Biller;
  • Contenu, deen als Vandalismus ugesi gëtt, läschen (andeems d'Säit einfach eidel gemaach gëtt).

Op kee Fall huet en Admin méi Méiglechkeete wann et ëm d'Artikelschreiwe selwer geet. All dës Rechter a Flichten si kee Privileeg vun engem Admin, all Benotzer ka sech dorëms këmmeren, genee sou wéi en Admin net gezwonge ka ginn, all Woch um Stamminee ze raumen.

Wéi gëtt een Admin?

[Quelltext änneren]

Adminkandidature kënnen op dëser Säit Wikipedia:Adminkandidaturen agereecht ginn, wou da vun den anere Benotzer ofgestëmmt gëtt.

Konsequenze vun engem Muechtmëssbrauch

[Quelltext änneren]

E Muechtmëssbrauch vun engem Admin ass en onéierbaart Benotze vun de Mëttelen, déi him zur Verfügung stinn, an déi keng Ausnam (cf. hei drënner) duerstellen. Wann Iech esou ee Fall virkënnt, schreift e wgl. heihin, mat der Sanktioun, déi ärer Meenung no ubruecht ass, a wa méiglech enger URL als Beweis fir de Mëssbrauch.

A kengem Fall dierf en Admin:

Bei klengem an/oder evidentem Vandalismus (z. B. eng Persoun, déi eng Säit opmécht, fir „Coucou“ ze schreiwen) kann den Admin natierlech dës Säit direkt läschen, ouni iwwer d'Wikipedia:Läschen-Säit ze fueren. Dës betrëfft awer nëmmen déi Säiten, wou keng pertinent Informatioun fir d'Enzyklopedie ze fannen ass.